© Patrick Galbats

14.03.-20.03.2024 > séances scolaires

14.03.2024 - 15:00 > séance tout public
17.03.2024 - 11:00 & 15:00 > séances tout public

En Erzielspektakel ab 5 Joer

Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net! Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert a béien et nees grued. A vläicht bleiwen dono e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran.

Well
wann hanne vir a vir hannen ass,
da ka riicht kromm sinn a kromm och riicht, an alles ass nees genee esou, wéi et soll sinn! Oder net?

Komm mir setzen den Z op den A an en T virun all Wuert! Wann dann d’Wieder esou richteg schéi geckeg d’ënnescht d’iewescht bonzelen, da kriss de e Knuet an d’Zong… oder an d’Oueren?
Oh meng Modi, wat en Zodi, voller Freed um Duercherneen!

Dauer: 45'
Sprooch: Lëtzebuergesch... a puer aner witzeg Sproochfatzen
Alter: 5-8 Joer

Konzept & Erzielung: Luisa Bevilacqua & Betsy Dentzer - Erzielkonscht a.s.b.l.
Co-Production: Escher Theater, Erzielkonscht a.s.b.l.


Reservatiounen > +352 / 2662 2030 - tickets@rotondes.lu


Lien(s):
https://www.rotondes.lu/fr/agenda/zongenzodi
https://erzielkonscht.lu/agenda/zongenzodi-1/


Lieu:
Rotondes
3 Place des Rotondes
2448 Bonneweg-Nord Luxembourg
Luxembourg