23.-25.04.2024 - Erzielseance fir Schoulen
"100 & 1 Buch: eng méi wéi honnertjoerlaang Geschicht
                            vun der diddelénger Bibliothéik"

Bicher déi eleng ronderëm spadséiere ginn, Wierder déi doruechtert sprangen an en Haus dat sech verwandelt ? Absolut ! Dës onwahrscheinlech Geschicht huet viru méi wéi 100 Joer ugefaangen. Ob se wouer ass oder net, ass eng aner Saach. Sécher ass, datt d’Luisa zu Diddeléng muenches héieren a gesinn huet. Dat a villes méi erzielt si iech do, wou alles ugefaangen huet : tëscht de Bicher vun der diddelénger Bibliothéik!

2021 huet d’Erzielkënschtlerin Luisa Bevilacqua fir de Centenaire vun der Diddelenger Bibliothéik eng Geschicht erfonnt, déi de jonke Publikum ëmmer erëm mat op eng spannend Zäitrees hëlt.

 


Lien(s):
https://www.bibliodudelange.lu/
https://www.facebook.com/bibliodiddeleng


Lieu:
Bibliothèque Publique Régionale de Dudelange
24, rue du Commerce
3450 Dudelange
Luxembourg