Photos © Véronique Kolber / misenpage / Lynn Theisen
20h00 --> 21h15
3 Fraen, 3 Stëmmen, 3 Weeër eng Geschicht z’erzielen…
Déi zwou Erzielkënschtlerinnen Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer treffen op d’Claire Parsons, Jazzsängerin a -musekerin. Si all reese mat liichtem Gepäck fir sech zesummen op eng onbekannte Rees ze maachen: Al Weeër gi verlooss fir am Moment Neies z’entdecken.
Virun den Aen an Ouere vum Public loossen di 3 Kënschtlerinnen nei Welten entstoen, wou Kläng, Wieder, Gesang, Geschichten a Musek sech géigesäiteg inspiréieren an ofwiesselen.
“Stories & Sounds” ass ee Sprong an d’kaalt Waasser, en Experiment, ee Faass ouni Buedem voller Pläséier um Spill, an deem alles méiglech ass…an nach villes méi.
Kënschtlerinnen: Luisa Bevilacqua (Erzielung), Betsy Dentzer (Erzielung), Claire Parsons (Gesang a Musek)
Produktioun: Erzielkonscht ASBL
Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch... a wat eis soss nach op d'Zong gespronge kënnt
Fir méi Informatiounen & Ticketen: http://www.konschtmillen.lu/lb/evenementer/evenementer-an-spektakel/
Wéini: 02.02.2022 um 20h
Dauer: 75 Minutten
Entrée: 25 €
Réservatioun: masutti@pt.lu / T. +352 621 688 872
Lien(s):
https://erzielkonscht.lu/agenda/stories-sounds-jam-session/
http://www.konschtmillen.lu/lb/evenementer/evenementer-an-spektakel/
Lieu:
Wax Konscht-Millen
2 Rue d'Athus
L-4710 Pétange