Photos © Véronique Kolber / misenpage / Lynn Theisen
20h00 --> 21h15
3 Fraen, 3 Stëmmen, 3 Weeër eng Geschicht z’erzielen…
Déi zwou Erzielkënschtlerinnen Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer treffen op d’Claire Parsons, Jazzsängerin a -musekerin. Si all reese mat liichtem Gepäck fir sech zesummen op eng onbekannte Rees ze maachen: Al Weeër gi verlooss fir am Moment Neies z’entdecken.
Virun den Aen an Ouere vum Public loossen di 3 Kënschtlerinnen nei Welten entstoen, wou Kläng, Wieder, Gesang, Geschichten a Musek sech géigesäiteg inspiréieren an ofwiesselen.
“Stories & Sounds” ass ee Sprong an d’kaalt Waasser, en Experiment, ee Faass ouni Buedem voller Pläséier um Spill, an deem alles méiglech ass…an nach villes méi.
Kënschtlerinnen: Luisa Bevilacqua (Erzielung), Betsy Dentzer (Erzielung), Claire Parsons (Gesang a Musek)
Produktioun: Erzielkonscht ASBL
Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch... a wat eis soss nach op d'Zong gespronge kënnt
Fir méi Informatiounen & Ticketen:
Wéini: 22.04.2022 um 20h
Dauer: 75 Minutten
Entrée: 25 €
Réservatioun: manukultura@useldeng.lu / T. +352 23 63 00 51 28
Lien(s):
https://erzielkonscht.lu/agenda/stories-sounds-jam-session-1
https://www.facebook.com/ManuKulturaUseldange/
Lieu:
ManuKultura
1 Am Millenhaff
L-8706 Useldange