QUEESCH DUERCH DE GAART - Erzielowend

20h00

Beim Suessemer Schlass treffen zwou Erzielerinnen op eng Cellistin fir zesummen ze jongléieren, mat Kläng, Wierder, Emotiounen, mat Hänn a mat Féiss, mat Leif a Séil, queesch duerch hir Repertoiren.

“Queesch duerch de Gaart” ass een einfacht Erzielformat, entwéckelt vun der nei gegrënnter Associatioun “Erzielkonscht”, dat sech déi ganz simpel Loscht um Erzielen an un der Musek op de Fändel schreift.

Dauer: +/- 70 Minutten

Alter: 15+

Sprooch: Lëtzebuergesch, Franséisch an e puer sproochlech Fatze vun hei a vun do

Erzielkonscht: Luisa Bevilacqua, Betsy Dentzer (ERZIELKONSCHT a.s.b.l.)

Cello: Anik Schwall


Lien(s):
https://www.kinobeimschlass.lu/programm


Lieu:
Château de Sanem
rue du Château
4992 Sanem
Grand-Duché de Luxembourg