04., 05., 11., 12., 18., 19. & 25.11.2017 > 16h00 - PARCOURS PERFORMANCE

MASKéNADA presentéiert

ënnert eis

Parcours performance

zesumme mam SOS Kannerduerf

Dat bleift ënnert eis! Sou seet ee jo, wann eppes geheim bleiwe soll. Mee wat heescht dat iwwerhaapt, "ënnert eis"? A wou ass dat genee, "ënnert eis"? Ass dat eng wierklech Plaz anzwousch ënnert eis? Ënnert eise Féiss? Ënnert dem Buedem? A wéi déif ënnert eis ass "ënnert eis"? Passt do een op eis Geheimnisser op, dass kee se entdeckt? Well e Geheimnis wat entdeckt gëtt, ass jo kee Geheimnis méi.
Mir huelen Iech mat op déi Plaz ënnert eis. Mir, dat sinn d'Kanner vum Kannerduerf, zesumme mat de Kënschtler vu MASKéNADA. An déi Plaz ass wierklech ënnert eis. Déif ënnert der Festungsstad Lëtzebuerg, an engem Tunnel vun engem Kilometer laang. An hei sinn déi beschte Leit doheem, sou wéi et an eisem geheime Lidd heescht:

Déi beschte Leit sinn hei doheem
Eis Frënn an och eis Dreem

A vläicht erënneren d'Kanner eis just un dat Geheimnis, wat mer ëmmer scho kannt hunn, a just vergiess hunn, well mer zevill ënnert eis liewen?

Mee psst! Dat bleift ënnert eis!


Kënschtleresch Leedung: Serge Tonnar

Mat de Kanner vum Kannerduerf an:

Alexandra Bentz, Luisa Bevilacqua, Gianfranco Celestino, Catherine Elsen, Misch Feinen, Raphael Gindt, Tammy Reichling

Produktiounsleedung: Dani Jung

4., 5., 11., 12., 18., 19. a 25. November
um 16:00 Auer
am Aquatunnel vun der Stad Lëtzebuerg

Reservatiounen: ww.maskenada.lu, Email: ennerteis@maskenada.lu, T: 27489382

Alter: ab 13 Joer

Präisser: 20 Euro, 8 Euro (Studenten), 1,5 Euro (Kulturpass)

Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, der Ville de Luxembourg, dem Fonds Culturel National an der Fondation Indépendance


Lien(s):
Reservatiounen | Maskenada.lu


Lieu:
Aquatunnel vun der Stad Lëtzebuerg