Date: mardi 10.12.2019 de 10:00 à 10:45 (séance scolaire)

EI, EI, EI?!

Wat koum fir d’éischt: d’Ee oder d’Hong? Op dës Fro versicht dat klengt Clémentine eng Äntwert ze fannen. Säi Virwëlz bréngt hatt an der Bomi hiren Héngerstall. Do entdeckt hatt den Henry, d’Chica Loca, d’Elizabeth an d’Madeleine, mee net d’Äntwert op seng Fro. Net schlëmm! D’Clémentine fuerscht monter weider a stéisst op vill Spannendes, dat hatt iwwer d’Joren zu enger eenzegaarteger Sammlung zesummendréit. E poetescht an humorvollt Stéck iwwert d’Wichtegkeet, am Liewe Froen ze stellen.

Luisa Bevilacqua, Iddi a Spill

Linda Bonvini, Regie

Nico Tremblay, Luuchten 

Produktioun: Rotondes Luxembourg

Kreatioun: Mee 2018 um Marionettefestival zu Toodler

Fotosrechter: Literarische Hühner. Fotografien von Beth Moon. Elisabeth Sandman Velag 
***

OBJETSTHEATER OP LËTZEBUERGESCH

ALTER / ÂGE : 8+

SCHOULKLASSEN / CYCLE 3 + 4

DAUER / DURÉE : 45'

Plus d’infos: culture@dudelange.lu​ / + 352 / 516121 -290


Lien(s):
https://www.opderschmelz.lu/agenda/1496_1210
https://rotondes.lu/agenda/details/event/ei-ei-ei-1/


Lieu:
Centre culturel régional opderschmelz
1a rue du Centenaire
L-3475 Dudelange