Date: vendredi 24.01.2020 de 10:00 à 10:45 (séance scolaire)

EI, EI, EI?!

Wat koum fir d’éischt: d’Ee oder d’Hong? Op dës Fro versicht dat klengt Clémentine eng Äntwert ze fannen. Säi Virwëlz bréngt hatt an der Bomi hiren Hëngerstall. Do entdeckt hatt den Henry, d’Chica Loca, d’Elizabeth  an d’Madeleine, mee net d’Äntwert op seng Fro. Net schlëmm! D’Clémentine fuerscht monter weider a stéisst op vill Spannendes, dat hatt iwwert Joren zu enger eenzegaarteger
Sammlung zesummendréit.

 

No der grousser Première um Marionnettefestival 2018 verléisst Ei, ei, ei?! d’Scheier zu Toodler, fir elo den Awunner aus dem ganze Land eng kuerzgefaasst an decaléiert Versioun vun der Evolutiounsgeschicht vum scheinbar harmloseste Plommendéier op der Welt ze erzielen.

E poetescht an humorvollt Stéck iwwer d’Wichtegkeet, am Liewe Froen ze stellen.

Iddi a Spill Luisa Bevilacqua 
Regie Linda Bonvini 
Luuchten Nico Tremblay 
Fotosrechter Literarische Hühner, Fotografien von Beth Moon. Elisabeth Sandman Verlag 
Produktioun an Diffusioun: Rotondes Luxembourg / Kreatioun Mai 2018 um Marionettefestival zu Toodler

Alter 8+
Dauer 35' + 10' Gespréich
Schoulklassen Cycle 3 & 4
op Lëtzebuergesch

Am Kader vun dësem Spektakel gëtt eng Formatioun iwwer Philosophie fir Kanner proposéiert, déi sech un Enseignant·e·n aus dem Fondamental riicht, Më 22.01.20 >16:30-19:30 an Do 23.01.20 >16:00-19:00

Plus d’infos: info@rotondes.lu / +352 2662 2007


Lien(s):
https://rotondes.lu/agenda/details/event/ei-ei-ei-2/


Lieu:
Rotondes
Place des Rotondes
L-2448 Luxembourg