Date: mardi 21.01.2020 de 10:00 à 10:45 (séance scolaire)

EI, EI, EI?!

Wat koum fir d’éischt: d’Ee oder d’Hong? Op dës Fro versicht dat klengt Clémentine eng Äntwert ze fannen. Säi Virwëlz bréngt hatt an der Bomi hiren Hëngerstall. Do entdeckt hatt den Henry, d’Chica Loca, d’Elizabeth  an d’Madeleine, mee net d’Äntwert op seng Fro. Net schlëmm! D’Clémentine fuerscht monter weider a stéisst op vill Spannendes, dat hatt iwwert Joren zu enger eenzegaarteger
Sammlung zesummendréit.

 

No der grousser Première um Marionnettefestival 2018 verléisst Ei, ei, ei?! d’Scheier zu Toodler, fir elo den Awunner aus dem ganze Land eng kuerzgefaasst an decaléiert Versioun vun der Evolutiounsgeschicht vum scheinbar harmloseste Plommendéier op der Welt ze erzielen.

E poetescht an humorvollt Stéck iwwer d’Wichtegkeet, am Liewe Froen ze stellen.

Dauer 45 Min. (mat Austausch nom Stéck )
Alter ab 8 Joer (Cycle 3 & 4) 
Sprooch Lëtzebuergesch

Iddi a Spill Luisa Bevilacqua 
Regie Linda Bonvini 
Luuchten Nico Tremblay 
Fotosrechter Literarische Hühner, Fotografien von Beth Moon. Elisabeth Sandman Verlag 
Produktioun Rotondes

Pour réserver: scolaires@kulturhaus.lu / +352 26 32 43 1


Lien(s):
https://www.kulturhaus.lu/de/agenda/ei-ei-ei/5/eid,879/ei-ei-ei.html


Lieu:
Mierscher Kulturhaus
53, rue Grande-Duchesse Charlotte
L – 7520 Mersch