Jeudi 18 octobre 2018 de 9h à 11h30

Grouss, béis a mat laange spatzen Zänn: Hëllef, de Wollef kënnt!!! – Stop, een Ament! Deen ass dach guer net esou béis. Ganz a guer net! De Wollef ass léif, dacks immens sensibel a muenchmol e bëssen domm. ... A sou?! Et gi vill a verschidde Geschichten iwwert de Kinnek vum Bësch. Ob bei Vollmound oder am hellliichten Dag, rappt grouss är Aen op a spëtzt gutt är Oueren, fir erauszefannen, wie wierklech de Grousse Béise Wollef ass.

No der Erzielstonn an engem klengen Austausch däerfen d’Kanner hir Wëllef zeechnen, schneiden a pechen, fir se an engem klenge Buch zesummen ze kombinéieren. An esou kënnen och nach doheem weider lëschteg Geschichten entstoen, fir de Wollef ëmmer erëm nei ze erfannen!

Am Kader vun Et wor emol … e Wollef

- Mäercherswoch fir Kanner an Erwuessener 13.-20.10.2018

Wärend enger ganzer Woch kënne Kleng a Grouss déi spannend a magesch Welt vun de Märercher entdecken a genéissen. Workshoppen, Poppentheater, Liesungen an Erzielstonnen, Bicherdësch, Billerausstellung, Formatioune fir Erwuessener, ...
Aarbechtsgrupp „Kannerbicher“ vun der ErwuesseBildung asbl. an Zesummenaarbecht mat „Freed um Liesen” asbl.

Plus d’infos: info@ewb.lu / T +352 44 74 33 40


Lien(s):
http://www.erwuessebildung.lu/


Lieu:
ErwuesseBildung
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg ville
Grand-Duché de Luxembourg